Vun e Mëttwoch u gëllt eng Alerte orange am Süde vum Land

Eng Hëtztwell annoncéiert sech: No enger Alerte jaune en Dënschdeg ass déi nächst dräi Deeg ass mat Temperaturen iwwer 30 Grad ze rechnen.
De Wiederdéngscht Meteolux huet fir en Dënschdeg an e Mëttwoch wéinst den héijen Temperaturen Alerten erausginn. En Dënschdeg gëllt eng Alerte jaune dës vun 13 Auer bis 19 Auer. Et ass mat Temperaturen tëscht 30 an 33 Grad ze rechnen, an dicht bebaute Gebidder mat bis zu 34 Grad.
"Eng Alerte jaune an deem Kader heescht, dass et elo keen onüblecht Phänomen ass. T’ass och éischter den Ufank vun enger Hëtztwell", erkläert de Luca Mathias, Meteorolog beim Wiederdéngscht Meteolux. D’Woch hätt mat e bëssi manner héijen Temperaturen ugefaangen, mee dës géingen elo fir de Recht vun der Woch weider an d’Luucht goen. Fir e Mëttwoch vun 13 bis 19 Auer gëllt eng Alerte Jaune am Norde vum Land, am Süde vum Land awer schonn eng Alerte orange. Lokal si bis zu 36 Grad méiglech.
Grond dofir ass en Héichdrockgebitt vum Nordatlantik, wat sech Richtung Osteuropa verlagert huet. “Domat ginn dann déi extrem waarm Loftmassen, déi schonn zanter enger Zäitchen am Südweste vun Europa an a Südeuropa leien, méi an eis Richtung gedréckt", betount de Meteorolog. Och wann Temperaturen iwwer 30 Grad Mëtt August näischt Anormales wieren, hätten d’Hëtztdeeg iwwert déi lescht 10, 20 Joer zougeholl. Bis zum Weekend wäerten sech esou Hëtztdeeg dann unenee reien. Eréischt e Samschden an e Sonnde gëtt domat gerechent, dass d’Temperaturen net méi iwwer 30 Grad wäerte klammen.
"Da geet et erëm Ufank nächster Woch tendenziell e bëssen erop. Richtung 33 Grad warscheinlech. An dann ab Mëtt nächster Woch ëm den 20., 21. August hunn d’Modeller aktuell eng Tendenz, dass et erof geet Richtung ëm déi 24, 25 Grad. Dat heescht erëm e bëssi méi saisonal Temperaturen", seet de Luca Mathias. D’Onsécherheet an de Modeller wier do awer nach relativ grouss, mee et wier emol déi aktuell Tendenz.
Eréischt bei enger Alerte orange, déi e Mëttwoch fir de Süde vum Land gëllt, gëllen och Consignen, wéi sech vulnerabel Mënsche solle bei der Hëtzt verhalen. Op infocrise.lu oder um Internetsite vum Meteolux kann een dës noliesen. Mee am Allgemenge gëllt wéi ëmmer bei héijen Temperaturen: Am beschten am Schied bleiwen, net ze vill Beweegung a genuch drénken.