Um kuerz no 18 Auer e Méindeg den Owend koum et an der Beforterstrooss zu Eppelduerf zu dësem Accident.

Wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht, krut en Automobilist an der Beforterstrooss zu Eppelduerf e Vëlosfuerer ze paken. Zwou Persoune goufen heibäi blesséiert. Den Helikopter vun der AirRescue war hei ënnert anerem am Asaz. Niewent dem Rettungshelikopter waren och d'Rettungsekippen aus der Nordstad, der Fiels, Iermsdref a Reisduerf op der Plaz.