Opgepasst viru falsche Polizisten a Bank-Mataarbechter

Der Police goufen nees Fäll gemellt, bei deene sech Krimineller als falsch Police-Beamten oder falsch Bank-Beamten ausginn hunn.
De Modus Operandi vun den Täter ass hei dacks dee selwechten: d'Affer gi vu falsche Bank-Mataarbechter kontaktéiert a kréien erkläert, dass verdächteg Transaktiounen um Kont vum Affer festgestallt goufen, respektiv dass et Problemer beim Kont ginn. Dowéinst misst e Police-Beamten oder e Mataarbechter vun der Bank laanscht kommen, fir d'Bankkaart sichen ze kommen an d'Zougangsdaten z'iwwerpréiwen.
D'Lëtzebuerger Police erënnert an deem Kontext nach eemol, dass all Police-Beamten zu Lëtzebuerg fléissend Lëtzebuergesch schwätzt a sech ausweise kann. Am Zweiwel soll een onbedéngt direkt den 113 uruffen.
Weider gëtt ënnerstrach, dass esou Opfuerderunge säitens den Täter, fir eng Kaart sichen ze kommen, net typesch fir eng seriö Verwaltung, Gesellschaft oder Bank sinn. Dës géifen nimools Clienten opfuerderen, friem Persounen eng Kaart oder Zougangsdaten ze ginn. Weder perséinlech, nach iwwer Telefon. Wann ee sech net sécher ass, ob et sech ëm e Bedruch handelt oder net, soll een sech op kee Fall ënner Drock setze loossen an direkt déi concernéiert Bank oder Gesellschaft kontaktéieren.
D'Police mécht dann och en Appell, dass ee virun allem eeler Leit an engem sengem Ëmfeld soll doriwwer informéieren an opklären. Bekanntlech gi jo grad eeler Leit am heefegsten Affer vu sou Bedruchsfäll.
Dës Fotoe weisen, wéi richteg Polizistinnen a Polizisten zu Lëtzebuerg, respektiv hir Ausweisdokumenter ausgesinn.