Déi genee Zuel vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg ass net bekannt
D'Logementspolitik ass u sech schonn eng Erausfuerderung. Eng Aufgab, déi nach méi schwéier ass, wann ee keng Donnéeën iwwer d'Zuel vun de Wunnengen huet.
Am Interview huet den Antoine Paccoud, Direkter vum Observatoire de l'habitat, eise Kolleege vun RTL Infos erkläert, firwat dat ee grousse Problem ass.
Den Original-Artikel fannt Dir hei.
Navigéieren d'Politiker zu Lëtzebuerg blann, wann et ëm d'Fro vum Logement geet? Dat suggeréieren op d'mannst Aussoe vum Antoine Paccoud d'lescht Woch an der RTL Infos-Emissioun "La Bulle Immo". "Mir wëssen einfach net, wéi vill Wunnengen et zu Lëtzebuerg gëtt", huet hien op d'Fro no eidelstoendem Logement geäntwert. "Mir wëssen net vill, ma mir schwätze mat grousser Gewëssheet iwwert de Logement", huet him de Michel-Edouard Ruben, Ekonomist an Auteur vun enger Rei Bicher zum Sujet am Grand-Duché, geäntwert.
E Méindeg hunn d'Kolleege vum RTL Infos de Coordinateur vum Observatoire de l'habitat, enger Ariichtung, vun där d'Regierung an d'Press de Groussdeel vun hiren Donnéeën zum Logement hierkréien, gefrot ze erklären, wéi esou eng Situatioun méiglech ass. A sengen Erklärunge betount de Fuerscher vum Liser d'Bedeitung vun der Vollekszielung, déi eng "relativ graff" Schätzung vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg erlaabt. De leschte Stand ass hei, datt et am Grand-Duché eng 250.000 Wunnenge gëtt. Dës Schlussfolgerung gouf no der Vollekszielung gezunn, déi de Statec 2021 ënner schwieregen Ëmstänn gemaach hat an där hir Äntwert-Quot als "net zefriddestellend" ageschat gouf, esou den Antoine Paccoud.
"Et muss ee wëssen, datt fir de Statec ee Stot enger Wunneng entsprécht", esou den Direkter vum Obervatoire de l'habitat. An der Realitéit ass dat natierlech bei wäitem net ëmmer de Fall. Ee Beweis dofir ass d'Existenz vun Zëmmeren a Co-Locatiounen. Et ass eng Aart a Weis ze wunnen, déi eréischt zanter kuerzem am Lëtzebuerger Gesetz gereegelt ass.
Et wier d'Aufgab vun de Gemengen, tëscht Eefamilljenhaiser, déi vun enger Famill bewunnt ginn, an Haiser, déi an Zëmmeren ënnerdeelt sinn, ze ënnerscheeden. D'Gemengen am Süden, zum Beispill Esch oder Diddeleng, erfëllen dës Aufgab grëndlech, esou den Antoine Paccoud. Leider géif dat op vill aner Gemengen net zoutreffen, dorënner och déi mat der héchster Populatioun am Land: d'Stad Lëtzebuerg.
Eng Onkloerheet, déi d'Dier fir all Zorte vu Bedruch opmécht
"Wéi vill Wunnengen et an der Stad gëtt, kann haut wuel kee soen", esou de Fuerscher. An dat ass ee grousse Problem wann et drëm geet, d'Immobilien ze besteieren. Den Antoine Paccoud nennt als Beispill Méifamilljenhaiser, déi dem Kadasteramt no enger eenzeger Persoun gehéieren a vun dëser bewunnt ginn. A Wierklechkeet kann et allerdéngs eng Rei Bréifboîtë ginn an d'Wunneng kann an Appartementer oder méi Zëmmeren opgedeelt sinn. "De Proprietär kann uginn, datt hien 3.000 Euro Loyer kritt, wärend am Haus awer zéng Persoune wunnen, déi jeeweils 1.000 Euro bezuelen. Et gëtt keng administrativ Grondlag, dat ze iwwerpréiwen", erkläert hien. An dat géif d'Dier fir all Zorte vu Bedruch opmaachen, esou den Direkter vum Observatoire de l'habitat. Et wier senger Meenung no wichteg, de berüümte Registre national des bâtiments et des logements (RBL) opzemaachen. Ma an der Praxis wier Lëtzebuerg dovunner wäit ewech.
"Mir schwätzen, datt et ongeféier ee Joer dauere wäert, bis mir een Instrument hunn, dat funktionéiert", erkläert den Antoine Paccoud. An dobäi sinn d'Aarbechten, déi duerno néideg sinn, nach net emol consideréiert. Aus deem Grond gouf de Gesetzesentworf fir d'Reform vun der Grondsteier an zwee Deeler opgedeelt. Tatsächlech war d'Aféierung vun enger Steier op net genotzte Wunnengen am éischten Entworf vum Gesetz virgesinn, gouf allerdéngs verworf. Well ier een d'Wunnenge besteiere kann, muss fir d'éischt een nationaalt Wunnregister ageriicht ginn, an dat versprécht eng grouss Aufgab ze ginn. Vill Gemenge musse fir d'éischt eng Bestandsopnam vun de Wunnengen op hirem Terrain maachen, ier se zu esou engem Register bäidroe kënnen. Dës Aufgab kënne si awer och an Ugrëff huelen, ouni op den IT-Tool waarden ze mussen, deen d'Grondlag vum RBL soll ginn.
"D'Gemenge kënne schonn elo hir Efforte mobiliséieren", seet de Fuerscher. Domat kënnen si sech op d'Aufgabe virbereeden, déi an Zukunft warscheinlech wäerten ufalen. An der Tëschenzäit bleift déi lëtzebuergesch Regierung net ontäteg. Am Juli huet si eng nei Versioun vun der Grondsteierreform virgeluecht, déi och eng Steier virgesäit, déi neit Bauland soll mobiliséieren. Och wann et eréischt fir 2029 virgesinn ass, mat engem Testjoer duerno, géif et den Interessi vun der Gesellschaft virun dee vun de Immobiljebesëtzer stellen. "Et ass déi éischte Kéier zanter 200 Joer, datt een driwwer nodenkt, et méi schwéier ze maachen, Grondstécker iwwer d'Generatiounen ze iwwerdroen", Esou den Direkter vun dem Observatoire de l'habitat. Eng Fro, mat där hie sech ausféierlech beschäftegt huet.
Et sief drun erënnert, datt d'Gesetzespropos awer nach d'legislativ Prozesser duerchlafe muss, ier se Enn vum Joerzéngt a Kraaft triede kann.