Meteolux no ginn déi extrem héich Temperaturen dës Woch nach net zeréck, a weider Hëtzt-Alerte si bis op d'mannst e Freideg méiglech.

Lëtzebuerg muss sech dës Woch weider op extrem héich Temperaturen astellen. Meteolux no ass et bis op d’mannst e Freideg méiglech, datt et weider Hëtzt-Alerte wäerte ginn. D’Wiederännerung kënnt duerch eng Verlagerung vun Héich- an Déifdrockgebitter, déi et elo erméiglechen, dat waarm Loftmassen aus Südeuropa de Wee an eis Regioun fannen.

Wéi de Luca Mathias vu Meteolux erkläert, stoung d’Land Enn leschter Woch nach ënner dem Afloss vun engem "Déifdrock-Komplex iwwert dem europäeschen Nordmier", wat d’Stréim vu waarmer Loft aus Südeuropa blockéiert huet.

Mëttlerweil huet sech awer en Héichdrockgebitt iwwert Osteuropa etabléiert. Lëtzebuerg läit op der westlecher Säit vun dësem Héich, wärend e weidert Déifdrockgebitt westlech vun der Iberescher Hallefinsel läit. Dëst Zesummespill suergt fir eng südlech Stréimung, déi elo déi extrem waarm Loft aus Südwesteuropa an eis Géigend dréit.

Laangfristeg Prognose bleiwe schwiereg

Laangfristeg gesi kéint een nach bis tëscht dem 21. a 25. August mat enger "iwwerduerchschnëttlech waarmer Period" rechnen. "Wéi et dono weidergeet, do kann ee sech fir den Ament nach net festleeën. Zumindest ginn d'Modeller Undeitungen, datt mer erëm Richtung duerchschnëttlech Temperature ginn, mä d'Onsécherheet ass immens grouss", sou de Meteolux-Spriecher weider.

Alerten

Fir dëse Mëttwoch gëllt eng Alerte jaune fir den Norden, an eng Alerte orange fir de Süde vum Land, mat Temperaturen, déi bis op 36 Grad klamme kënnen.

Um Mëttwoch de Moien huet Meteolux dann och fir en Donneschdeg eng Alerte jaune fir dat ganzt Land erausginn.