Kéint mat weideren Déifställ a Verbindung stoen
Verdächtege beim Versuch, Moto ze klauen, erwëscht a festgeholl

E Méindegowend hat e Securtiy der Police e Mann gemellt, deen an engem Parkhaus am Garer Quartier e Moto kuerzschléisse wollt.
Deemno war de Mann vum Sécherheetsbeamten dobäi erwëscht ginn, wéi hien de Moto kuerzschléisse wollt. D'Police, déi den Täter op der Plaz untreffe konnt, huet de Mann fir weider Amtshandlunge mat op de Policebüro geholl. Do ass opgefall, datt de Mann mat weideren Déifställ a Verbindung kéint stoen.
Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl a koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies