An enger Wunneng zu Bartreng konnten um Méindeg Drogen an e Klappmesser saiséiert ginn, déi engem jonke Mann konnten zougeuerdent ginn.

De Mann gouf verhaft an hat um Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Bei enger Partie Kontrollen um e-Lake-festival zu Iechternach goufe 37 Verstéiss géint d'Droge-Gesetzgebung festgestallt. An 18 Fäll gouf e Protokoll geschriwwen an 19 Fäll gouf et eng Amende.

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Ettelbréck e Gefier kontrolléiert, aus deem et no Cannabis geriicht huet. Den Drogentest war positiv. Suen, Haschisch a Pefferspray goufe saiséiert.