Antëscht gëtt et hei am Land 52 Energie-Communautéiten, wou sech de Stroum aus private Photovoltaikanlag gedeelt gëtt.

Am klengen Duerf Blaaschent an der Gemeng Luerenzweiler wunne gutt 500 Leit. Hei gëtt op den Diecher vun enge 40 Haiser net just Energie produzéiert, mee och mat den Nopere gedeelt. Dëst ass zanter enger Gesetzesännerung vun 2023 a Form vun enger Energie-Communautéit méiglech. Antëscht ginn et véier esou Energie-Communautéiten am Duerf.

An d’Liewe geruff gouf den éischte Grupp zu Blaaschent vu 7 Frënn d’lescht Joer. Ënner Kolleege beim Patt, wéi si selwer soen. "Mir hunn decidéiert, dass mer dat zesummen an d’Weeër leeden", seet de President vum Grupp, den André Degraux. Fir hien, als Mataarbechter vun der Klima-Agence, louch d’Iddi op der Hand. De klenge Grupp huet ugefaangen, Flyer ze verdeelen an ëmmer méi Leit fir hir Iddi ze begeeschteren. Iwwer 40 Stéit sinn antëscht mat am Boot.

Keng Reseauskäschten an engem Perimeter vun 300 Meter

D’Konzept funktionéiert esou, dass jidderee ka matmaachen, egal ob ee selwer eng Photovoltaik um Daach huet oder net. Eenzeg Konditioun ass awer, dass ee muss an engem Perimeter vun 300 Meter wunnen, beim selwechte Gestionnaire sinn an eng juristesch Entitéit grënnen. Also zum Beispill eng ASBL oder eng Kooperativ. Reseauskäschte fale keng un, wouduerch esou e Projet nach méi interessant géing ginn, seet den Andy Hendriks, Caissier vun der Energie-Communautéit Blaaschent.
 
"Stroum deelen ass ëmmer eng Win-Win Situatioun", betount d’Sarah Juchems vun der Klima-Agence. Wann een de Stroum den Ament als Produzent an de Stroumreseau gëtt, kritt ee just wéineg Suen dofir. Ma och de Consommateur kéint vun engem méi bëllege Präis wéi dem Marchéspräis profitéieren. D’Iddi hannert dem Stroumdeelen, wier fir d’Stroumnetz z’entlaaschten, erkläert d’Sarah Juchems.
 
Wien an der Communautéit Consommateur a wie Producteur ass, kéint variéieren. Esouguer Stéit, déi mat hirer Solaranlag vill Stroum produzéieren an domat eeben éischter Sue verdéngen, kéinten heiansdo och vun der Energie vun den Nopere profitéieren. "Wann mol eng kéier kee Stroum bei mir ass, well meng Photovoltaikanlag deen Ament, wann ech mäin Elektroauto lueden net staark genuch ass, da kënnt dat wat ech méi brauch vum Rescht vum Grupp", seet den André Degraux.

Digital Stroumzieler ginn aus Distanz ofgelies

Fir matzemaachen, muss ee keng Ännerungen um Stroumzieler maachen. Den digitalen Zieler, deen antëscht jiddereen huet, iwwermëttelt all 15 Minutten den aktuelle Verbrauchswäert. "Dat wat ech zu deem Ament produzéieren a mäin Noper konsuméiert, gëtt einfach géigerechent", ënnersträicht de President vum Grupp, den André Degraux. Online kann da jiddereen op der Plattform Leneda vu Creos d'Produktioun an de Konsum quasi an Echtzäit suivéieren.
 
De Stroumpräis an der Gemeinschaft gëtt dann am Grupp definéiert. Wie wéi vill Stroum soll kréien, kann och ënnerschiddlech geréiert ginn, wann een dat wëll. "Entweeder no Prozentsaz, proportional gesinn no Verbrauch oder eben no Prioriséierung. Dat kann all Grupp selwer decidéieren", betount d’Sarah Juchems.
 
An der Energie-Communautéit Blaaschent huet ee sech zum Beispill op 14 Cent pro Kilowatt fir ee Joer gëeenegt. D’Netzkäschte vu 7,5 Cent falen ewech. D'Stroumrechnung gëtt um Enn vum Joer vum Caissier, dem Andy Hendriks gemaach. "Mir hunn nach net vill Erfarung. Mee wéi et ausgesäit, mat deenen Donnéeën, déi mer vum Netzbedreiwer zur Verfügung gestallt kréien, léisst sech dat am Comité maachen", mengt hien a freet sech och doriwwer, dass Projete wéi dëse kënnen d’Leit aus der Noperschaft zesummebréngen.

Weider Forme vun Energie-Zesummeschloss méiglech

Ma d’Energie-Communautéit ass net den eenzegen Zesummeschloss an der Noperschaft, dee méiglech ass fir d’Netzkäschten ze spueren. Et ginn zwou weider Formen, bei deenen net emol eng juristesch Entitéit muss gegrënnt ginn. Eng Méiglechkeet ass, dass een de Stroum an engem Appartementshaus deelt oder, et kann ee Solarenergie mat maximal dräi Noperen an engem Ëmkrees vun 100 Meter deelen.

Doriwwer eraus ass et och méiglech, Energie ze deelen, wann ee Proprietär vun e puer Haiser ass, oder Sitten, wéi zum Beispill Gemengen oder Entrepreneuren. Och hei muss keng juristesch Entitéit gegrënnt ginn, mee et gi Reseauskäschte fälleg. Eigentlech kann een awer mat jidderengem Stroum aus senger Photovoltaikanlag deelen, mee och do muss een d’Netzkäschte bezuelen an et muss eng juristesch Entitéit gegrënnt ginn.
 
Rot, wéi déi verschidde Forme vum Energiedeele funktionéieren, kritt ee bei der Klima-Agence.