Problemer mam Fuerwierk
Vol op Ibiza zréck op Lëtzebuerg geflunn

© AFP (Archivbild)
Wéi d'Luxair an engem Schreiwes en Dënschdeg den Owend erkläert, wier de Vol LG655 op Ibiza wéinst engem technesche Problem preventiv ëmgedréint.
Wéi mir vu Passagéier gemellt kruten, hätt et vun der Crew geheescht, datt et Problemer mam Fuerwierk géinge ginn. Méi konkreet hätt de viischte Pneu sech net méi dréine gelooss, wouduerch eng Landung um Fluchhafen op Ibiza net méiglech gewiescht wier.
D'Luxair preziséiert iwwerdeem, datt d'Luxair-Maschinn vum Typ De Havilland Q400 sécher um Findel gelant wier. Wéi d'Passagéier erzielen, hätt de Fliger vun der Pist missen ofgeschleeft ginn.
En Ersatzfluch ass der Luxair no fir e Mëttwoch de Moie geplangt.
Am meeschte gelies