Den 28 Joer ale Journalist huet dem Krich an der Gazasträif e Gesiicht ginn a war ee vun de prominentste Gesiichter vun der Tëleeschaîne Al Jazeera.

Trotz Menacen huet den Anas al Sharif sech net drun hënnere gelooss, fir ze weisen an z'erzielen, wéi schlecht et de Leit an der Gazasträif geet. Bis e Sonndeg. Do sinn hien a säin Team Affer vun enger geziilter israeelescher Dronenattack ginn, déi se net iwwerlieft hunn.

Zu Lëtzebuerg gouf en Dënschdeg den Owend un den Anas al Sharif a méi wéi 225 aner Journalisten erënnert, déi zënter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif ëm d'Liewe koumen.

Erënnerung vun den Anas al Sharif - E Reportage vum Dany Rasqué

Um Hamilius an der Stad goufe Käerzen ugefaangen, Blummen néiergeluecht an d'Fotoe vun deenen Dosenden an Dosende Journalisten opgehaangen, déi an deene leschten 22 Méint ëm d'Liewe koumen. Den Anas al Sharif an déi aner Leit, déi bei him waren, hu musse stierwen, well Israel dem jonke Mann iwwer Méint virgehäit huet, zur Hamas ze gehéieren. Eppes wat déi lescht Deeg vill kritiséiert gouf, och op der Trauerfeier an der Stad.

"Et ass natierlech da fir eng israeelesch Regierung immens kamoud fir kënnen ze soen, do wier een, dat wier de Kapp vun enger Terrorzell gewiescht. Ech fannen et extrem beonrouegend a beängschtegend, wann eng Regierung dat als Pretext hëlt, fir einfach Leit ëmzebréngen, déi onbequeem Saache soen", esou d'Cléo Thoma vu Collectives for Palestine.

Där Meenung ass och de Fahdi, e jonke Palästinenser, deen zu Lëtzebuerg lieft. Israel géif ëmmer eng Erklärung fannen, firwat Journalisten hu musse stierwen an dat hätt e Grond: "Den Anas al Sharif war Journalist, hien huet net zu der Hamas gehéiert. Si hunn hien ëmbruecht, well se d'Wourecht wëlle verstoppen."

D'Wourecht, seet de Fahdi, wier, datt d'Leit an der Gazasträif erhéngere gelooss ginn. Seng Famill wunnt nach zu Gaza an hie probéiert sou vill wéi méiglech Kontakt mat senger Schwëster a sengem Brudder ze hunn. Dem Fahdi seng Mamm lieft net méi. Si ass virun engem knappe Joer gestuerwen. Siwe Méint nodeems hire Fils gefrot hat, ob d'Lëtzebuerger Regierung net wéinstens kéint dofir suergen, datt seng Famill an Ägypten kéint evakuéiert ginn. Hie seet, hie géif sech dacks d'Fro stellen, wéi et senger Mamm wuel géif goen, wann hien deemools eng aner Äntwert kritt hätt.