Rue J.F. Kennedy
Zwou Persoune bei Brand zu Hielem blesséiert

En Dënschdeg den Owend géint 20.50 Auer hunn d'Pompjeeë mussen an den Asaz op Hielem, well do e Gaardenhaische gebrannt huet.
Zwou Persoune goufe bei deem Feier verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Lëntgen, Luerenzweiler, Steesel a Miersch. Eng Ambulanz aus der Stad gouf och op d'Plaz geruff.
Scho kuerz viru 17 Auer gouf et och zwee Blesséierter, wéi sech op der Polvermillen hei an der Stad zwee Autoen ze paken kruten.
An der Nuecht op e Mëttwoch, géint 3.30 Auer, hunn zu Hesper dunn zwee Autoen gebrannt.
Am meeschte gelies