Zu Stroossen
Et goufen nees Autoen opgebrach

© AXEL HEIMKEN / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Et gouf nees an Autoen agebrach, mellt d'Police. En Dënschdeg den Owend zum Beispill an der Areler Strooss zu Stroossen.
Do gouf eng Fënster vun engem Auto ageschloe fir eng Ketten ze klauen.
An en aneren Auto gouf och zu Stroossen an der Rue du Bois agebrach, fir Schong matgoen ze loossen.
Deemno erënnert d'Police reegelméisseg drun, dass een am beschte guer näischt visibel am Auto leie léisst.
Aner Rotschléi an deem Kontext fënnt een um Site vun der Police.
Am meeschte gelies