En Donneschdeg de Moie kënnt Entwarnung vun der Iechternacher Gemeng, wat d'Problematik mat der Waasserversuergung ugeet.

Betraff war e Mëttwoch d'Zone, déi vum Reservoir Manertchen gespeist gëtt, also ënnert anerem déi komplett Industriezon an d'Cité Manertchen. Um Donneschde de Moie koum dann awer d'Entwarnung, dass an deene betraffene Beräicher nees alles normal leeft.

Dat deelt d'Gemengeverwaltung an engem Communiqué mat.