De CGDIS mellt um Mëttwoch de Moien dräi Blesséierter bei dräi Accidenter bannent dräi Stonnen.

Kuerz virun 8 Auer ass zu Bouneweg um Boulevard Kaltreis en Auto bäigaangen.

Quasi zur selwechter Zäit ass an der Avenue Monterey an der Uewerstad eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.

Géint 10.40 Auer ass tëscht Schëndels a Miersch e Cyclist gefall.

Bei all deenen Accidenter gouf wéi gesot jeeweils eng Persoun verwonnt.