Chambre des Métiers gesäit schwaarz fir Lëtzebuerger Bausecteur

© Photo by SOEREN STACHE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
D'Aussiichte fir d'Ekonomie bleiwe moderat, mat engem niddrege Wuesstem an engem schwaache Bausecteur, esou eng nei Analys vun der Chambre des Métiers.
Engem neie Rapport vun der Chambre des Métiers no bleiwen d'Aussiichte fir d'Lëtzebuerger Ekonomie an der Mëtt vum Joer 2025 moderat. De Wuesstem soll tëscht nëmmen 1 Prozent an de méi positiven Zenarien an 0,3 Prozent an de méi pessimistesche Fäll bleiwen, wéi aus der neister Konjunktur-Nott vun der Kammer ervirgeet.
Den Aarbechtsmaart géing nëmme ronn 1 Prozent d'Joer wuessen, wat eng "schwaach Dynamik" duerstellt, sou de Rapport.
Am schlëmmsten ass deemno de Bausecteur betraff, wou d'Nofro no neiem Wunnraum trotz temporäre Steiererliichterungen – verlängert bis Juni, respektiv September 2025 – weiderhin niddreg bleift. De Verkaf vu Wunnengen um Plang, sougenannte VEFA'en, ass tëscht Enn 2024 an Ufank 2025 ëm 36,1 Prozent gefall, mat nëmmen 253 Transaktiounen am éischten Trimester vum Joer. D'Präisser fir VEFA-Immobilie sinn zanter Enn 2022 ëm 12 Prozent gefall, mee wann een déi méi héich Baukäschten arechent, läit de reelle Präis-Verloscht bei ronn 21 Prozent, wéi d'Chambre schreift.
Och d'Baugeneemegunge si staark zeréckgaangen, ëm 45 Prozent zanter Enn 2024 an ëm 38 Prozent am Verglach zum Joer virdrun. D'Aktivitéit am Secteur läit nach ëmmer 31 Prozent ënnert dem Niveau vun 2019, wat de gréisste Réckgang an der EU duerstellt.
De Rapport warnt, datt fir déi vum STATEC virausgesoten Nofro vun 32.500 neie Wunnenge bis 2030 z’erreechen, d'Produktioun op ronn 6.500 Unitéite pro Joer misst eropgoen, géintiwwer de ronn 2.500 aktuell. Et bräicht iwwerdeems 12.000 zousätzlech Aarbechter bannent fënnef Joer. Dofir wieren Investissementer vu 4,6 Milliarden Euro pro Joer an all Joer 164 Hektar neie Bauterrain néideg, sou d'Chambre des Métiers.
Déi nei Konjunktur-Nott baséiert op ronn 650 Äntwerte vu Betriber am Handwierk, déi zesummen 19.400 Aarbechtsplaze representéieren, ongeféier 20 Prozent vum Handwierkssecteur zu Lëtzebuerg.