Presuméierten Täter ermëttelt
Zu Dikrech an en Haus agebrach an an der Stad op der Gare gepëtzt

© AFP
An der Nuecht op en Dënschdeg krut d'Police gemellt, dass eng Persoun an en Eefamilljenhaus an der Rue Neuve zu Dikrech agebrach ass.
Et wieren eng Partie Saache geklaut ginn.
Am Kader vun den Ermëttlunge konnt de presuméierten Täter op der Stater Gare gepëtzt ginn. Hien hat dann och eng Partie Saache bei sech, déi virdru geklaut goufen. Op Uerder vum Parquet hat de Brigang Rendez-vous en Dënschdeg am Nomëtteg beim Untersuchungsriichter.
Déi geklaute Saache krut de Besëtzer nees zeréck.
Am meeschte gelies