E Mëttwoch ëm 12.20 Auer koum et zu engem méi ongewéinlechen Accident, bei deem e Bus um Boulevard Konrad Adenauer vun der Strooss ofkomm ass.

Op Nofro heescht et vun der Police, de Bus wier bis op de Chauffer eidel gewiescht, wéi et zum ongewéinleche Virfall koum. Et wieren och keng Passanten um Trottoir blesséiert ginn.

De Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Detailer, wéi et zum Accident komme konnt, ginn et aktuell awer nach keng.

Vun der Police war et den Appell, dass een de Beräich evitéiere soll.