Zanter 1998 huet Lëtzebuerg bis op eng Ausnam keng Gold-Reserve méi, wéi de Finanzminister a senger Äntwert op eng rezent parlamentaresch Fro verréit.

De Lëtzebuerger Staat huet zanter 1998 keng Gold-Reserve méi, ofgesi vun 1.800 sougenannte Louis d'Or–Mënzen, déi de Service de Renseignement de l’État u sech bruecht huet an déi aktuell bei der Banque Centrale du Luxembourg (BCL) gelagert ginn. De Wäert vun dëse Mënze gëtt op ongeféier 990.000 Euro geschat, wéi aus enger Äntwert vum Finanzminister Gilles Roth op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler ervirgeet.

Zanter dem Transfert vum Staat senge Gold-Reserven un d'BCL am Joer 1998 ass domat keen anert Gold méi am Besëtz vum Staat.

A senger Fro hat den André Bauler Informatioune gefrot iwwert d'Quantitéit, de Wäert an d'Lagerplaz vum Lëtzebuerger Gold, souwéi d’Evolutioun zanter 2020. Dem Minister no hätt sech näischt un de Bestänn geännert zanter de leschte parlamentaresche Froen zum Thema – gestallt am Januar 2013, am Mäerz 2015 an am Juli 2020.