An der Nuecht op e Mëttwoch hu Beamte bei enger Kontroll zu Schieren eng kleng Quantitéit Heroin bannen am Auto gesinn.

Wéi dunn d'Gefier duerchsicht gouf, ass eng gréisser Quantitéit Heroin a Kokain fonnt ginn. De Mann gouf verhaft an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.