Ass elo am Prisong
Mann louch a Garagenafaart zu Esch, et besteet en Haftbefeel géint hien

Um Mëttwoch krut d'Police e Mann gemellt, deen zu Esch an der Schëfflenger Strooss an enger Garagenafaart géing leien an eventuell alkoholiséiert wier.
Eng Policepatrull koum op d'Plaz. Et huet sech erausgestallt, datt et géint de Mann en Haftbefeel gëtt. No enger Kontroll beim Dokter gouf hien an de Prisong bruecht.
Zu Esch an der Rue d'Audun ass d'Police um Dënschdeg den Owend op e Chauffer opmierksam ginn, deen d'Richtung geännert huet, wéi en d'Policebeamten erbléckst huet. Den Auto gouf gestoppt an de Chauffer a Bäifuerer kontrolléiert.
Si hate keng Openthaltsgeneemegung, falscht Geld dobäi a gefälschte Fürerschäiner. Den Auto gouf saiséiert.
Am meeschte gelies