D'Police huet Enn Juli op verschiddene Plazen am Land grouss Kontrollen an Haiser gemaach, déi eidel stinn.

Zil vun der Aktioun war et, géint Déifställ mëttels Gewalt an der Stad virzegoen. Déi sougenannt "Squats", also Haiser, déi eidel stinn an illegal bewunnt ginn, stoungen dobäi am Viséier, well de Verdacht besteet, datt presuméiert Täter vun esou Déifställ reegelméisseg dës Plaze besichen. Am ganze goufe 60 Haiser iwwerpréift. Aacht Leit ware signaliséiert, fir expulséiert ze ginn. Zwou Persoune koumen no enger medezinescher Kontroll an de Centre de Rétention. 27 Objete goufen als geklaut identifizéiert an an der Suite confisquéiert. 30 Beamte waren am Asaz: Poliziste vu verschiddene Kommissariater, Enquêteure vun der Police judiciaire an och d'Hondsstaffel.