D'USA wëllen d'Europäer mat u Bord hunn, seet de Premier Luc Frieden

© AFP
Virum Sommet tëscht dem US-President Trump an dem russesche President Putin gouf et um Mëttwoch Gespréicher mat der europäescher Säit.
D'USA hu sech mat den Europäer ofgeschwat an dat wier ganz positiv ze bewäerten, dat seet de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden géintiwwer RTL. Hie war e Mëttwoch bei enger Videokonferenz dobäi, bei där eng Rei westlech Staats- a Regierungscheffen de Point mam amerikanesche Vize-President JD Vance a mam ukrainesche Staatschef Wolodymyr Selenskyj gemaach hunn.
D'Objektiver vun den Europäer an den Amerikaner wieren déi selwecht, sou de Luc Frieden: E Waffestëllstand, Sécherheetsgarantien fir d'Ukrain an de Constat, datt een net iwwer Territoirë ka schwätzen, ouni datt d'Ukrainer mat um Dësch setzen.
De Luc Frieden schwätzt vun enger liichter Hoffnung wat d'Zukunft an dësem schwieregen Dossier ugeet. Hien hätt no der Reunioun d'Gefill, datt d'Amerikaner d'Europäer wëlle mat u Bord hunn an op d'Europäer lauschteren.
D'Amerikaner hätte gesot, se wéilten d'Europäer nom Sommet an Alaska och direkt informéieren, sou de Lëtzebuerger Premierminister. Op d'Ukrain Territoire wäert mussen oftrieden oder net, dozou sot de Luc Frieden, datt dat just d'Ukrainer selwer kéinten decidéieren.
Virun dëser Reunioun gouf et e Mëttwoch eng aner Videokonferenz. Bei deem Gespréich mam US-President Donald Trump selwer waren nieft der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, den däitsche Kanzler Friedrich Merz, de franséische President Emmanuel Macron, den NATO-Chef Marc Rutte an den EU-Rotspresident Antonio Costa dobäi. Och de Wolodymyr Selenskyj war an der Online-Reunioun mat vun der Partie. Hie war extra op Berlin gereest, fir zesumme mam Friedrich Merz un der virtueller Entrevue deelzehuelen.
D'Ursula von der Leyen schwätzt op sozialen Netzwierker vun engem ganz guddem Telefonat. D'Basis fir d'Ukrain hätt kënne gestäerkt ginn, heescht et vu Bréissel.
Moskau nennt d'europäesch diplomatesch Beméiunge virum Sommet an Alaska onbedeitend. Dat sot e Spriecher vum russeschen Ausseministère.
Virun der Trump-Putin-Reunioun e Freideg rappelléiert Moskau seng Fuerderungen. Ënner anerem wëll Russland véier ukrainesch Regiounen.