E Mëttwoch war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj fir eng Visitt zu Berlin.

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) huet d'Abanne vun der Ukrain a weider Verhandlungen nom Sommet tëscht dem US-President Donald Trump an dem russesche President Wladimir Putin e Freideg an Alaska gefuerdert. "D'Ukrain muss mat um Dësch sëtzen, soubal et weider Treffe gëtt", sou de Merz e Mëttwoch zu Berlin no Gespréicher mam Trump per Video zur Situatioun an der Ukrain. Bei deem Online-Gespréich waren och d'Ursula von der Leyen, de franséische President Emmanuel Macron, den NATO-Chef Marc Rutte, den EU-Rotspresident Antonio Costa, an och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj dobäi.

Am Ufank vun de Verhandlunge misst e Waffestëllstand stoen, sou d'Fuerderung vum Merz a Presenz vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Donieft misste Verhandlunge "robust Sécherheetsgarantië" fir d'Ukrain ëmfaassen an "Deel vun enger gemeinsamer transatlantescher Strategie" sinn.

D'Ukrain wier zu Verhandlungen iwwer territorial Froe bereet, sou de Kanzler weider. Da misst awer déi sougenannt Kontaktlinn den Ausgangspunkt sinn - "an eng rechtlech Unerkennung vu russesche Besetzunge steet net zur Debatt".

De Merz huet d'Videogespréich mam Trump a mat weideren europäesche Staats- a Regierungscheffen als "wierklech konstruktiivt a gutt Gespréich" beschriwwen. "Mir hunn dem President Trump dat Allerbescht gewënscht", sou nach den däitsche Bundeskanzler. Och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d'Videokonferenz als "ganz gutt Gespréich" bezeechent. "Haut hunn Europa, d'USA an d'NATO déi gemeinsam Haltung fir d'Ukrain gestäerkt", sou d'von der Leyen op X.

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz gesäit Hoffnung op een Enn vum Krich an der Ukrain: "Et gëtt Hoffnung op Beweegung, et gëtt Hoffnung op ee Fridden an der Ukrain." Europa géif alles dofir maachen, datt d'Entrevue tëscht dem US-President Trump an dem russesche President Putin e Freideg an Alaska "an déi richteg Richtung" géif goen. Beim Treffe missten allerdéngs "grondleeënd europäesch an ukrainesch Sécherheetsintresse respektéiert ginn."

De vum russesche President Putin geäusserte Wonsch no engem Enn vum Krich gesäit den ukrainesche President Selenskyj nëmmen als Bluff. Hien hätt de President Trump dofir och gewarnt, sou den ukrainesche President op der Pressekonferenz mam däitsche Bundeskanzler. De Putin géing versichen, fir virum Treffen an Alaska laanscht déi komplett ukrainesch Front Drock auszeüben. D'Treffen tëscht Trump a Putin géing sech dofir hoffentlech op e Waffestëllstand konzentréieren, sou nach de Selenskyj.

E Freideg kommen den Donald Trump an de Wladimir Putin am US-Bundesstaat Alaska fir Berodungen iwwer den Ukrainkrich zesummen. Aus der Suerg eraus, déi zwee Presidente kéinten iwwer d'Käpp vun der Ukrain an hire westlechen Alliéierten ewech Decisiounen treffen, hat de Merz e Mëttwoch zu verschiddene Videokonferenzen invitéiert.