Vandalismus bei vel'OH! bleift e Problem
© RTL Archiv
Trotz techneschen Upgrades bleiwen defekt vel’OH!-Gefierer a Vandalismus an der Stad Lëtzebuerg en Thema.
An de soziale Medien ass et ëmmer nees en Thema: a Videoe gëtt op Sécherheetsmängel un de Vëloen, déi een an der Stad Lëtzebuerg a ronderëm loune kann, opmierksam gemaach.
Am Video hei beschwéiert e Mann sech zum Beispill doriwwer, dass hie géif reegelméisseg op de Service vu vel'OH zeréckgräifen a behaapt, ee vun dräi Vëloe wier futti. Am Video setzt hien op engem Vëlo, dee keng Bremsen hätt, wat immens geféierlech wier.
Defekt Bremsen, futtis Pneuen oder blockéiert Fixéierunge wieren un der Dagesuerdnung, sou de Mann.
Et ass net déi éischte Kéier, dass d'Vëlo-Locatioun vun der Stad kritiséiert gëtt. Schonn am Joer 2022 hat d'RTL-Journalistin Lynn Chruchten mat der Stad Lëtzebuerg an dem Bedreiwer JCDecaux geschwat, well ëmmer rëm Gefierer op den Trottoire leie bleiwen, respektiv futti waren.
Deemools huet et vun offizieller Säit geheescht, et géif dru geschafft ginn, de Service ze verbesseren. An tatsächlech gëtt de Loun-Vëlo och haut nach vill genotzt, trotz Kritik.
Méi Notzer, méi Abonnéierter
Um Stand vum 31. Mee 2025 sinn 1.157 vel’OH!-Gefierer an der Stad ënnerwee. Et ginn 32.764 Abonnenten, dovun 30.305 mat engem Laangzäit-Abo an 2.459 fir eng kuerz Zäit. Vu Juni 2024 bis Mee 2025 goufen am Ganze méi wéi 1,67 Milliounen Trajete gezielt, am Duerchschnëtt iwwer 140.000 de Mount.
JCDecaux schwätzt vun enger "fréquentation en constante croissance depuis la mise en place du nouveau système".
Mir erënneren eis: déi blo Vëloen an der Stad Lëtzebuerg ginn et zënter 2008. Et hat ee kleng ugefaangen, ma 2018 gouf en neie Kontrakt tëscht der Stad a JCDecaux ënnerschriwwen, de System gouf moderniséiert an all d'Vëloe goufen duerch elektresch Gefierer ersat.
© RTL Archiv
140.000 Trajeten de Mount mat ronn 1.100 Vëloen, do schénge Verschläiss a kleng Reparaturen normal. Ma et géif awer net nëmmen dobäi bleiwen, an de Problem vun 2022 wier och dräi Joer méi spéit nach ëmmer en Thema – mir schwätze vu Vandalismus.
De Vëlo géif zum Beispill dacks falsch genotzt ginn. "Des personnes qui s’assoient dans le panier… Ceux-ci détériorent les vélos et engendrent leur blocage sur les points d’accroche", erkläert JCDecaux. An esou kënnt et dann zu Situatiounen, déi an de soziale Medie kritiséiert ginn, respektiv et gëtt de Geck driwwer gemaach, wéi an dësem Video.
Dat heescht: net all Defekt kënnt vun engem technesche Feeler, dacks sinn et och d'Leit, déi mam Material net richteg ëmginn.
Stad a Bedreiwer wëllen entgéintwierken
D'Stad Lëtzebuerg erkläert, si wier sech de Problemer bewosst a wier „konstant am Austausch mam Bedreiwer JCDecaux, fir dësen un seng vertraglech Verflichtungen ze erënneren an zäitno Léisunge vun de Problemer ze verlaangen.“
Fir d’Qualitéit vum Service z’erhalen a méi séier kënnen ze reagéieren, goufen d’Equipe fir d’Maintenance um Terrain an an den Ateliere verstäerkt. All Dag géif ee reegelméisseg Kontroll- a Reparatur-Aarbechten um Terrain maachen. Vëloen, déi einfach leie gelooss ginn, wéi op den Trottoiren oder an Hecken, géife vun den Ekippen agesammelt, reparéiert oder ersat an duerno rëm zeréck bei d'Borne bruecht ginn.
Normale Verschläiss wier déi eng Saach, ma Vandalismus wier awer e reelle Problem: "Le vandalisme sur la voie publique est un phénomène rencontré dans toutes les grandes villes européennes, qui touche aussi Luxembourg", sou JCDecaux.
Dofir schafft de Bedreiwer un engem nach méi robuste Befestegungssystem, fir dëse Problem an Zukunft ze reduzéieren.