D'Police krut um Donneschdeg de Moie gemellt, dass eng Persoun am Raum Weller/Pëtschent bei e sëllegen Autoe geklenscht huet.

Et gouf no där Persoun gesicht, dat allerdéngs ouni Succès.

D'Police mécht an deem Zesummenhang en Zeienopruff. Wann Dir eppes gesinn hutt, oder wann Dir selwer eppes geklaut kritt hutt, Ären Auto beschiedegt oder duerchwullt gouf, da mellt Iech bei der Police vun Dikrech/Veianen um Telefon (+352) 244 80 1000 oder via E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

D'Police mécht nach emol de Rappell, dass ee keng Wäertgéigestänn soll siichtbar a sengem Auto leie loossen an et soll ee sécher goen, dass een den Auto zougespaart huet. Rotschléi dozou fënnt een um Site vun der Police.