D'Police mellt eng Rëtsch Abréch uechter d'Land, souwéi och en Iwwerfall an der Stad e Mëttwoch.

An e Méifamilljenhaus an der Rue de Kirchberg an der Stad Lëtzebuerg gouf e Mëttwoch probéiert anzebriechen, dat awer ouni Erfolleg.

Méi spéit am Nomëtteg gouf an engem Eefamilljenhaus an der Rue des Roses zu Mamer en aneren Abroch gemellt. Éischten Informatiounen no hu sech d'Täter Zougang duerch d'Terrassendier verschaaft an hunn d'Haus no Wäertgéigestänn duerchwullt.

A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.

Iwwerfall an der Stad

An der Stad mellt d'Police en Iwwerfall an der Rue de la Post um Mëttwochowend. Éischten Informatiounen no waren zwee Männer vun engem Grupp Männer ugeschwat ginn an hu probéiert, net drop anzegoen. De Grupp gouf dunn engem vun deenen zwee géigeniwwer handgräiflech, sou dass de Mann op de Buedem gefall ass.

Den Handy war duerno verschwonnen an de Grupp huet sech aus dem Stëbs gemaach. D'Ermëttlunge lafen.