Kand ugestouss, Motocyclist gefall, Autoe géint Bus, Mauer a Leitplank

Vill lass op eise Stroossen um Donneschdeg de Moien, mat Accidenter zu Bauschelt, Nidderkuer a Bäerdref Richtung Grondhaff.
Géint 8.40 Auer ass op der Streck tëscht Bauschelt an der Misärsbréck e Motocyclist mat senger Maschinn gefall. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt.
Kuerz virun 10 Auer war et méi en uergen Accident zu Nidderkuer, an der route de Longwy. Hei ass en Automobilist mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt. Net manner wéi 4 Persoune goufe verwonnt. Am Asaz waren Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng a Keel, grad ewéi d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an den Escher SAMU.
Um 10.40 Auer ass tëscht Bäerdref an dem Grondhaff e Kand vun engem Auto ugestouss ginn. De CGDIS mellt ee Blesséierten.
Kuerz no 11 Auer koum et um Sennengerbierg an der Route de Trèves zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer, eng Persoun gouf dobäi verwonnt.
Um 12.45 Auer hat op der Tréier Autobunn A1 a Richtung Tréier en Auto d'Leitplanken ze pake kritt. Dobäi gouf et ee Blesséierten.
Nëmme puer Minutte méi spéit hat et um Ban de Gasperich gerabbelt. Um Boulevard de Kockelscheuer war et en Accident tëscht engem Auto an engem Bus. Zwou Persoune goufen dobäi verletzt.