Automobilist ass an Terrass vu Bäckerei gerannt, eng Persoun uerg verwonnt

© Domingos Oliveira
Accident en Donneschdeg zu Nidderkuer. No enger Kollisioun tëscht zwee Autoen ass eent vun de Gefierer Richtung Terrass vun enger Bäckerei geroden.
Wéi d'Police matdeelt, koum et éischten Informatiounen no zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen an der Route de Longwy, wouduerch een Auto, dee mat méi héijer Vitess ënnerwee war, op d'Terrass vun enger Bäckerei geroden ass.
Eng Persoun, déi op der Terrass souz, gouf uerg verwonnt. Eng weider Persoun, déi och op der Terrass souz, grad ewéi de Chauffer vum Auto, koume fir eng Kontroll an d'Spidol. De Beräich gouf vun der Police ofgespaart. D'Fënster vun der Bäckerei, grad ewéi d'Fassad goufe beschiedegt.

© Domingos Oliveira
Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.
Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass 4 Persoune bei engem Accident kuerz virun 10 Auer an der Route de Longwy blesséiert goufen. Et goufen Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng a Keel op d'Plaz geruff, grad ewéi d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an den Escher SAMU.
Op Nofro bei Responsabele vun der Bäckerei war et d'Informatioun, dass een op de Biller vun der Iwwerwaachungskamera géif gesinn, dass en eeleren Här hannert dem Steier vum Auto souz. D'Bäckerei géif elo mol bis op Weideres zou bleiwen. Déi dräi Leit Personal aus dem Betrib stoungen nom Accident ënner Schock a gi vum Groupe de support psychologique vum CGDIS betreit.