Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg gouf an de Chalet vum Beachvolleyball beim VC Mamer agebrach an nawell zimmlech vill Schued hannerlooss.

De VC Mamer gouf Affer vu Vandalismus. Schonn e Mëttwoch de Mëtteg haten eng Partie Jugendlecher sech et gemittlech gemaach beim Beachvolleyball-Terrain an dem Chalet vum VC Mamer. Aenzeien hate 6 Jugendlecher gesinn, déi do Party gemaach an och gegrillt hunn, esou d'Allison Teusch, Sekretärin vum VC Mamer op RTL-Nofro hin. Wéi d'Security bei hirem Tour do laanscht komm ass, sinn déi Jugendlech fortgelaf. Et soll sech ëm 3 Jongen an 3 Meedercher am Alter tëscht 16 an 18 Joer gehandelt hunn, esou d'Ausso vun der Sécherheetsfirma.

Membere vum VC Mamer sinn op d'Plaz komm an hunn nees alles geraumt. Et sollt awer net fir laang sinn, well an der Nuecht op en Donneschdeg waren nees Leit um Site. Noperen hunn nuets géint 3 Auer Geräischer um Site héieren. Déi Kéier si se an de Chalet vum VC Mamer agebrach an hunn do alles futti geschloen.

Dat schengt hinnen awer net duergaangen ze sinn. Et stoung nämlech net wäit ewech nach e Spullwon, dee fir d'Summerfest déi nächst Deeg gebucht war. D'Brigangen sinn och do agebrach an hunn Telleren, Tasen a soss Geschier futti geschloen, a lénks a riets verstreet.

Där Schierbele sinn och um Terrain vum Beachvolleyball gelant, wat als Konsequenz huet, dass den Terrain bis op Weideres muss gespaart bleiwen.

Vun der Sekretärin vum VC Mamer war et weider d'Ausso, dass een nach net weess, wéini een nees kéint opmaachen. Déi Firma, déi normalerweis hir Terrainen an der Rei hält, an d'Maschinnen huet fir de Sand ze filteren, ass aktuell am Congé. Et misst een elo no enger Léisung sichen.

D'Police gouf informéiert a war och mat der Spueresécherung op der Plaz.

De VC Mamer mécht dann op Facebook och en Opruff no eventuellen Zeien.