Zu Greiweldeng gouf nees de Wësch gebonnen
Zanter 1985 ass de Léiffrawëschdag all 15. August nees eng fest Traditioun zu Greiweldeng op der Musel.
De 14. August gëtt traditionell zu Greiweldeng de Wësch gebonnen. Dëst ass eng al Traditioun, déi 1985 erëm zréck an d’Liewe geruff gouf, an zanterhier zu engem feste Rendez-vous op der Musel ginn ass. Och d’Volleksfest op Léiffrawëschdag ass all Joer staark besicht.
Zwee Deeg am viraus ginn déi eenzel Blummen, Kraider a Weess fir de Wësch an der Natur gesammelt. Benotzt gi virun allem wëll Planzen, an awer och Kraider aus private Gäert, déi d'Leit selwer matbréngen. Deemno verleeft all Joer anescht an et ass net ëmmer d’nämmlecht vill Material ze kréien. Dëst Joer zum Beispill, war et e bësse méi schwéier, well d’Hëtzt an de leschte Wochen d’Planzen extrem ausgedréchent huet a villes scho verblitt war. Et géif een och mierken, esou d’Nadine Hau vun de Greiweldenger Leit, dass verschidde Kraider, déi ee soss liicht fonnt huet, elo guer net méi sou einfach ze fanne sinn, oder zu enger ganz anerer Zäit bléie wéi soss.
Trotzdeem konnt dëst Joer genuch gepléckt ginn, an déi ronn 100 Bouqueten, déi ee sech als Zil gesat hat, goufen alleguerten, an och nach e puer méi, gebonnen. Beim Banne gëtt et eng ganz bestëmmte Reiefolleg: Fir d’éischt hëlt ee sech verschidden Zorte Weess, duerno Kraider a Blummen. Am Idealfall gëtt vun all Planz just eng fir de Wësch-Bouquet benotzt. Duerno gëtt dat Ganzt mat enger Schnouer zesummegebonnen, an da komme nach eng Wuerzel an eng Ënn drun.
D’Traditioun vum Wësch war ursprénglech dofir geduecht fir un déi schwéier Aarbecht vun de Baueren a Wënzer ze denken, an ass eréischt spéider eng kierchlech Traditioun ginn. Haut ass dëst nach ëmmer de Fall. Op Léiffrawëschdag gëtt de Wësch an der Kierch geseent an duerno ka jidderee sech e Bouquet mat heem huelen. Do loossen déi meeschte Leit en dann dat ganzt Joer hänken. Den Erléis vum Wësch ass fir e gudden Zweck.
1985 gouf d’Traditioun erëm fir d’éischte Kéier zu Greiweldeng opgegraff an ass 2020 zu engem immaterielle Kulturierwe vu Lëtzebuerg ginn. Haut wier et virun allem flott esou eng Traditioun ze hunn, fir d'Leit méi no un d’Natur an d‘Kraidersammelen ze bréngen, an och déi Jonk dofir ze begeeschteren.