De Lannershaff zu Nuechtmanescht bei Pëtscht ass ee vun de Pionéier vun der extensiver Landwirtschaft an u sech e Model wat Haltung vun Notzdéieren ugeet.

Säi Véi gehéiert zum Volet "extensiv Landwirtschaft" vun der Naturverwaltung; d’Schwäin an d’Anguse sinn d’ganzt Joer iwwer dobaussen a sollen deemno eng besser Qualitéit vu Fleesch garantéieren. Eng Rechnung, déi, sou de Bauer, awer net ëmmer opgeet an a Saachen Déierewuel wier - wat z.B. d’Schluechten op der Weed ugeet - och nach nach Loft no uewen.

20 Iberico-Schwäin aus Portugal, vun deenen déi meescht ewell schonn hei zu Nuechtmanescht op d’Welt komm sinn. Esou richteg Fierkelen, frech ewéi Rotz, kéint ee bal soen a fäerten doe se glat a guer net! 15 bis 18 Méint dierfe si sech hei am Bulli wänzelen, 2 bis 3 mol méi laang wéi déi normal Schwäin, seet de Joe Lanners, een - nee u sech de Pionéier vun der extensiver Landwirtschaft am Grand-Duché. Seng Schwäi liewen hei uewen am Luxus, seng Angusen och. Fräi an der Natur, dono dann als Naturschutzfleesch vermaart. Déierewuel Top, mee an der Ëmsetzung problematesch.

D’Metzler géingen d’Flemm kréien, well se d’Fleesch net lass ginn. De Speck wier de Problem, bedauert de Joe Lanners vum Lannershaff. Et géif keng richteg Demande méi fir Schwéngefleesch ginn, dobäi wier d’Qualitéit excellent. Seng Sai sinn och nach Bio an hausen e puer Kilometer ewech am Schied, ënnert de Solarpanneauen, op engem Terrain vu véier an engem hallwen Hektar. Eng Agrar-Fotovoltaikanlag zesumme mat der Enovos. Wat déi extensiv Landwirtschaft ugeet misst de Staat hannendru bleiwen, sou de Chef vum Lannershaff. D’Kommunikatioun leeft net net wéi se soll; direkt Vermaartung wier den Ideal, de Basis-Produit souwisou och! Zu senger Philosophie gehéiert ganz kloer och: d’Schluechten op der Weed!

D’Schluechten wier, no dräi Joer op der Weed, fir seng Anguse Stress pur, sou de Chef vum Lannershaff. Eleng den Transport an d’Schluechthaus wier uerg. An Éisträich an an Däitschland wier de sougenannte "Weideschuss" erlaabt; dat elo scho ganz gutt Fleesch wier deen Ament nach vill besser, sou de Joe Lanners.

De Félix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärsinspektioun confirméiert, dass dës Praxis am Ausland ëmgesat gëtt an an deem eenzege Schluechthaus zu Lëtzebuerg wier et aus technesche Grënn relativ schwiereg, oder praktesch onméiglech, e Béischt wat op der Weed geschoss ginn ass, op d’Chaîne d’Abattage ze kréien. Deemno wier déi Saach villäicht net vu Muttwëll; theoretesch géing et jo och funktionéieren. mat deenen néidege juristeschen Adaptatiounen. Bis dohinner sinn dem Joé seng Schwäin "Happy Pigs".

Extensiv Landwirtschaft / Reportage Dany Rasqué