Géint 23 Auer war et en Donneschdeg den Owend an der Entreprise zu engem Feier komm.

De CGDIS mellt e Freideg de Moien ee gréisseren Asaz um Donneschdeg den Owend. Géint 23 Auer gouf et zu Sprénkeng an der Strooss "Op der Geieren" e Feier an enger Entreprise.

D'CGDIS-Ekippe vun Dippech, Koler, Péiteng, Käerjeng, Esch a Monnerech waren op der Plaz. Blesséiert gouf keen, et ass beim Materialschued bliwwen.

Op der Plaz war och d'Police technique. D'Enquête, fir d'Ursaach vum Tëschefall klären, leeft.