Wéini dierf ech meng Vakanz gratis annuléieren?
© Jan Vašek/ Pixabay
Bëschbränn kënnen Är Vakanz komplett op d'Kopp setzen. Mee wat elo? De Konsumenteschutz erkläert, wéi een als Betraffene soll virgoen.
D’Bëschbränn am Süde vun Europa hunn och dëst Joer fir Onrou gesuergt. Aktuell kämpft een ënnert anerem a Portugal a Spunien géint d'Flamen, Länner déi bei de Lëtzebuerger beléifte Reesziler sinn.
Aktuell sinn all Rettungsdéngschter a Spunien am Asaz, fir d'Flamen ze bekämpfen.
Hoteller goufen evakuéiert, Stroosse gespaart, an d’Fro koum séier op: Kann ech meng Vakanz elo nach kuerzfristeg ofsoen, ouni meng Suen ze verléieren?
Är Rechter als Reesenden
De Konsumenteschutz (ULC) verweist op den Artikel 225-1 B vum Code de la consommation. Dëse gesäit vir, dass eng Pauschalrees ouni Fraisen annuléiert ka ginn, wann aussergewéinlech Ëmstänn d’Rees wesentlech beaflossen.
„De Reesenden dierf alles annuléieren am Total ouni Käschten ze droen, wann et zu esou Ëmstänn kënnt. Bëschbränn gehéieren an eisen An zu circonstances exceptionnelles“, esou d’ULC.
Artikel 125-1 B
"Les voyageurs peuvent résilier le contrat sans payer de frais de résiliation avant le début du forfait en cas de circonstances exceptionnelles, par exemple s’il existe des problèmes graves pour la sécurité au lieu de destination qui sont susceptibles d’affecter le forfait."
Allerdéngs gëtt et keng fix Lëscht vu Situatiounen, wat als aussergewéinlech Ëmstänn ugesi gëtt, et gëtt also vu Fall zu Fall decidéiert. Wann de Reesoperateur selwer ofseet, kritt de Client automatesch seng Suen zeréck. Ass den Organisateur awer der Meenung, d’Feier wier net geféierlech oder ze wäit ewech, kann et zu Diskussioune kommen.
De Konsumenteschutz recommandéiert an esou Fäll:
- Schrëftlech annuléieren (am beschte per ageschriwwene Bréif)
- Argumentéieren, dass ee sech net wuel fillt, op eng Plaz ze reesen, déi vu Bëschbränn betraff ass
- Eng alternativ Destinatioun proposéieren oder d'Vakanz verréckelen
An der Praxis wieren déi meescht Operateuren zimmlech kulant. D'Leit wéilten an d'Vakanz goen, dat géif een aktuell och vill gesinn. Dacks wier hinnen eng alternativ Destinatioun léiwer, wéi doheem setzen ze bleiwen, sou de Konsumenteschutz.
Reesversécherungen als zousätzleche Schutz?
Versécherunge bréngen an esou Fäll meeschtens näischt: „Reesversécherung si geduecht fir Situatiounen, wou ee seng Vakanz aus gesondheetleche Grënn net untriede kann. Eng Versécherung fir Bëschbränn oder Iwwerschwemmunge gëtt et eisem Wëssen no net", sou d'ULC.
A wéi realistesch ass eng Resiliatioun bei der Luxair?
D'Luxair an hire Reesoperateur LuxairTours weise sech proaktiv an ënnersträichen, dass d’Sécherheet vun de Clienten ëmmer virgeet:
„La sécurité des passagers et des équipages est une priorité absolue pour Luxair.“
Am Fall vu Bëschbränn oder aneren onerwaarten Evenementer géif een d’Situatioun iwwerwaachen a betraffe Clientë direkt kontaktéieren.
„Si une zone, ou certains hôtels, devient temporairement inaccessible, ou si les conditions rendent un séjour impossible, plusieurs options sont proposées, telles que la relocalisation dans un autre hôtel, la modification de la destination ou l’annulation sans frais.“
Fazit: Keng Angscht virun Annulatioun
Wann Är Destinatioun direkt vum Bëschbrand betraff ass an d’Rees domat onsécher oder onméiglech gëtt, si gratis Annulatiounen oder Alternativen dacks méiglech. Am Zweiwel ëmmer schrëftlech an dokumentéiert virgoen an de Kontakt mam Organisateur sichen.
Bei Reesoperateuren, déi net vu sech aus annuléieren, hëlleft et, sech op de Code de la consommation ze beruffen a sech bei der ULC Ënnerstëtzung ze sichen. Am schlëmmste Fall ass et awer eng Affär fir d'Geriicht an de Riichter muss entscheeden, ob et sech ëm aussergewéinlech Ëmstänn handelt an de Reesende seng Suen erëmkritt oder net. Dat wier awer immens seelen, sou de Konsumenteschutz.