Meteolux huet fir e Freideg nees eng Hëtzt-Alerte erausginn. Et ka bis zu 34 Grad Celsius waarm ginn.

Wéinst Temperaturen tëscht 30 an 33 Grad Celsius huet den nationale Wiederdéngscht e Freideg de Moien eng Alerte Jaune fir dat ganzt Land erausginn. An de Stied kann et och alt bis zu 34 Grad Celsius waarm ginn. D'Warnung vu Meteolux gëllt tëscht 13 an 19 Auer.

Wann d'Sonn brennt an d'Temperaturen op iwwer 30 Grad klammen, kënnt een net nëmmen un d'Schweessen, mee och de Kreeslaf ass gefuerdert. Mat e bësse Virsiicht a bewosstem Ëmgang kënnt een och duerch déi waarm Summerdeeg. Gesond, entspaant a virun allem gutt frësch. Hei fannt Dir Tipps, fir datt och Iech dat geléngt.

Wéi ginn d'Leit mat der grousser Hëtzt ëm?
Den Charlie Stone war mam RTL-Mikro op d'Musel a wollt déi beschten Tipps géint d'Hëtzt gewuer ginn.

Wéi et virugeet mam Wieder

De Weekend soll et da liicht méi kill ginn. E Samschdeg geet et frëndlech virun, am Nomëtteg kënne mol Wolleken duerchzéien, dat virun allem am Norde vum Land, et bleift dréchen an d'Temperature klammen op bis zu 29 Grad Celsius. E Sonndeg leien d'Temperaturen tëschent 24 a 27 Grad an et ass de ganzen Dag sonneg.

Fir den Ufank vun der neier Woch geet et mat deem frëndleche Wieder virun an d'Grenz vun 30 Grad Celsius kéint nach emol geknackt ginn.

Déi aktuell Wiederprognose fannt Dir hei.