Auto flücht viru Bundespolizei a gëtt zu Lëtzebuerg gestoppt
© Police (Archiv)
An der Nuecht op e Freideg hat d'Gefier mat Lëtzebuerger Placken eng Kontroll vun der Bundespolizei op der Autobunn 64 duerchbrach.
Déi däitsch Bundespolizei sicht no Zeien: Kuerz no Hallefnuecht e Freideg (tëscht 0.07 an 0.35 Auer) wollten déi däitsch Beamten op der Kontrollstatioun op der däitscher Autobunn 64 e schwaarze VW Golf mat Lëtzebuerger Placke kontrolléieren. De Chauffer ass awer net stoe bliwwen, mee huet Gas ginn. Direkt e puer Patrulle sinn dem Auto nogefuer, dee schlussendlech Richtung Lëtzebuerg geflücht ass, dat mat deels méi wéi 160 Stonnekilometer.
D’Lëtzebuerger Beamte konnte schliisslech den Auto stoppen an de Bäifuerer stellen, de Chauffer an eng weider Persoun am Auto konnte flüchten, sou d'Bundespolizei vun Tréier.
Wéi et op Nofro vun der Lëtzebuerger Police heescht, konnt d'Gefier zu Nidderaanwen gestoppt ginn. D'Lëtzebuerger Police kollaboréiert mat den däitsche Kolleege an dëser Enquête. Weider Detailer konnte keng genannt ginn.
All Informatioune si fir d'Bundespolizei Tréier ënnert der Nummer +0049 - 651 - 43678-0.