Chauffer a Schlaangelinne Richtung Draufelt ënnerwee - Permis fort

© Police (Archiv)
En Donneschdeg den Owend hat d'Police um CR325 zu Eschweiler e Gefier gemellt kritt, dat a Schlaangelinne Richtung Draufelt ënnerwee war.
D'Gefier ass donieft och e puer Mol op d'Géigespuer geroden an huet e puer Gefierer, déi entgéint komm sinn, beschiedegt. D'Police konnt de Chauffer stoppen. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi fort.
An der Nuecht op e Freideg ass der Police bei enger Kontroll zu Bidscht dann e weidert Gefier wéinst dem onséchere Fuerstil vum Chauffer opgefall. Och hei war den Alkoholtest vum Automobilist positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ordonéiert.
Zu Capellen an zu Stengefort huet d'Police en Donneschdeg den Owend respektiv an der Nuecht op e Freideg Alkoholkontrollen op Uerder vum Procureur d'Etat duerchgefouert. Alles an allem goufen 135 Automobiliste kontrolléiert, 5 Mol war den Test positiv. Et gouf 5 Protokoller, ee Führerschäi gouf agezunn.