Zu Monnerech an an der Stad
Abriecher an der Nuecht op e Freideg ënnerwee
© Police
Wéi d'Police mellt, koum et an de leschte Stonnen zu direkt e puer Abréch respektiv Abréchversich.
Ee Fall gouf et beispillsweis en Donneschdeg den Owend an engem Haus an der Rue Neuve zu Monnerech. Do hunn d’Brigangen eng hënnescht Fënster ageschloen a sech esou Zougang an d'Haus verschaaft.
Duerno gouf et ee versichten Abroch an enger Residence an der Rue Giselbert an der Stad. Do hunn d'Abriecher also ouni Erfolleg probéiert, an zwee Appartementer eranzekommen. A béide Fäll gouf eng Enquête opgemaach.
Am meeschte gelies