Am Naturpark Öewersauer ass eng vun de groussen Erausfuerderungen, nieft dem Naturschutz, am Summer och den Tourismus.

Déi gutt Noriicht: kee vun den zu Lëtzebuerg ausgewisene Gewässer fir ze Schwamme wäert dëse Weekend wéinst Bloalgen zougemaach ginn. Also souwuel zu Rëmerschen, wéi och zu Wäiswampech, zu Iechternach an um Stauséi.

"Déi lescht Analysen hu gewisen, dass d’Waasser um Stauséi an zu Wäiswampech ok ass", betount den Tom Bechet vum Waasserwirtschaftsamt um Belval. Et gouf keng anormal Bloalgebildung fonnt. Eng Situatioun, déi sech duerch d’Wieder awer ëmmer relativ séier kann änneren. Bis zu véier Mol de Mount ginn dowéinst Tester gemaach.

Wat fir eng Facteuren dozou féieren, dass sech exzessiv Bloalge bilden, wier awer net ganz kloer, well verschiddener zesumme kéimen, erkläert den Tom Bechet. Sécher wier, dass d’Temperatur an d’Sonnenastralung de Wuesstem fërderen. Ma och de Wand kann eng Verbreedung begënschtegen.
 
"Fir d’Natur selwer si Bloalgen en Zeeche vun ze vill Närstoffer am Waasser", betount den Tom Bechet. Fir dës Närstoffer gëtt et esouwuel en natierlechen, wéi awer och e mënschlechen Ursprong. De mënschleche kënnt duerch Landwirtschaft a Reschter aus dem Ofwaasser am Waasser. An hei gëtt de Sujet, vun "Buede kënnen oder net Buede kënnen", méi eescht. "Mir hunn ëmmer ze vill Närstoffer an eisem Waasser. Alleguerten eis Gewässer sinn an engem schlechten ekologeschen Zoustand. Dat heescht, do ass ëmmer nach vill Aarbecht ze maachen. An am Stauséigebitt d’autant plus", seet den Adjoint vun der Unité Protection des eaux, den Tom Bechet.

Natur- a Waasserschutz am Naturpark Öewersauer

Bei der Aarbecht fir den Ëmweltschutz kommen de Frank Richarz, den Tom Schmit, an de Recht vum Team vum Naturpark Öewersauer mat an d’Spill. Si këmmere sech dorëm, dass d’Schutzgebidder an de fënnef Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Stauséigemeng, Wolz a Wanseler, déi zum Naturpark gehéieren, fir Mënsch an Déier erhale bleiwen.

Zum Beispill duerch Renaturéierungsprojeten, wéi deen, deen eréischt en Donneschdeg zu Wanseler un der Wolz fäerdeggestallt ginn ass. Hei gouf e klenge Säitenaarm fir d’Baach op 30 Meter ugeluecht. Dat fir kleng Fësch, an dass et och am Summer e Waasserréckhalt gëtt. "Gläichzäiteg hu mer e Rengegungs-Effekt. En natierleche Baachlaf, mat senge Steng, mat senge Waasserplazen, mat der Déierewelt. Dat bündelen Närstoffer, bréngt Sauerstoff an d’Waasser a mécht et propper", erkläert de Frank Richarz. Projete wéi dësen, wëllt een nach op weidere Plazen ëmsetzen.
 
Mee zréck an d’Anzuchsgebitt vum Stauséi. An d’Waasserschutzzon, wou et och Landwirtschaft gëtt a wou och Mënsche liewen. Landwirtschaft an Naturschutz géingen hei Hand an Hand goen, wann een zesummeschafft, mengt de Frank Richarz.

"Mir produzéieren ëmmer méi. Mee beim Input, grad am Management vum Piff, respektiv vum Dünger, ass ee méi effizient ginn", betount de Frank Richarz. Doriwwer eraus kéimen ëmmer méi Mënschen an d’Gebitt wunnen, an dat géingen och seng Spueren am Ofwaasser hannerloossen. Positiv wier, dass trotz allem een net kéint feststellen, dass den Närstoffgehalt am Waasser géing iwwert d’Zäit an d’Luucht goen.
 
En Dar am Aen bleift dem Mataarbechter vum Naturpark awer, dass et géingen, trotz grousse Fortschrëtt vum Kläranlagesystem, ëmmer nach Schandflecke ginn. "Ech kënne Plazen am Gebitt, wou d’Ofwaasser iwwer ural Kläranlagen, wat a mengen Aen net wierklech t’er sinn, nach ëmmer an d’Baach geet. Do hänkt Toilettëpabeier an der Baach. Do richt et, do fléisst méi Waasser wéi d’Baach jeemools hätt. Dat heescht, dat kënnt aus dem Ofwaasser", iergert sech de Frank Richarz.

Beléiftheet vun der Regioun ass Seegen a Fluch

Um Enn muss een sech awer och agestoen, dass just een Drëttel vum Anzuchsgebitt vum Stauséi op Lëtzebuerger Säit läit. Zwee Drëttel läit op der belscher Säit. "De Stauséi ass scho laang net méi en natierlecht Gebitt am natierlechem Zoustand, wou kee wunnt", ënnersträicht den Tom Bechent vum Waasserwirtschaftsamt. Op béide Säite gëtt Ofwaasser produzéiert a Landwirtschaft bedriwwen. Ëmsou méi wichteg wier et, dass d’Mesuren déi zum Beispill am Bewirtschaftungsplang oder an anere Schutzgebidder festgehale sinn, respektéiert ginn.
 
E weider Punkt wou een sech am Naturpark Öewersauer da muss agestoen, dass een u seng Limitte stéisst, ass den Ustuerm vun Touristen, déi op waarme Weekenddeeg wëlle schwamme goen. Doriwwer eraus, dass dëst fir d’Awunner an där Zäit eng extrem Belaaschtung ass, ginn et awer weider Problemer.

"Et muss ee bedenken, jidderee vun eis hannerléisst dobausse Spueren. Mir musse probéieren déi Spueren esou minimal ze hale wéi et geet", seet den Tom Schmit, dee Parkranger am Naturpark Öewersauer ass. Et wier d’Mass, déi en negativen Impakt op d’Déierewelt an op d’Waasserqualitéit hätt. "Mir mussen ëmmer ënnersträichen: Dee grousse Pull dee mir hei gesinn, dat ass eist Drénkwaasser vum ganze Land", betount de Ranger a weist op de Stau.
 
Ronderëm de Stauséi gouf antëscht e Parkleitsystem fir den Trafic installéiert. Eng gratis Navett bréngt d’Gäscht op Feierdeeg a Weekends vun engem Opfangparking zu de verschiddene Plagen. Eng weider mécht den Tour ëm de Stauséi an ass fir d’Wanderer geduecht. Iwwerhaapt ass ee grousst Zil vum Naturpark Uewersauer, d’Visiteure fir d’Natur an den Naturschutz ze sensibiliséieren. Dofir ass een och drop beflass, de Wandertourismus weider ze promouvéieren. Ronderëm de Stauséi ginn et eng ganz Partie Wanderweeër, an um Schumannseck kann een um Sentier de la mémoire eppes iwwert d’Geschicht aus dem Zweete Weltkrich léieren.