Iwwer 34 Grad - wéi wier et mat enger Ofkillung?
Zu Diddeleng an der Oppener Schwämm war um Feierdag eng lass
Vun 14 Auer u war an der Piscine alles complet.
Beschwéiere kann ee sech net: et war eng gutt Saison bis ewell mat engen 23 Prozent méi Visiteure par Rapport zum leschte Joer. 800 Leit passen op de Site. De Juni war staark, de Juli manner gutt, mee den August ass d‘Schwemm erëm gutt voll.
Eenzeg Diskussioun, déi et mei dacks géing ginn, ass datt de Bermuda Short net erlaabt ass an d‘Burkini dierf gedroe ginn. Dofir hätt een an der Entrée awer och e Mannequin stoen, dee ganz kloer géing weisen, wéi eng Zort Burkini erlaabt ass.
D‘Piscine ass de Summer all Dag op, bei all Wieder. De 14. September dierfen d‘Muppen dann an d‘Schwämm kommen.

©
Loic Juchem

©
Loic Juchem

©
Loic Juchem

©
Loic Juchem

©
Loic Juchem





Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies