Um Samschde Moien hat et géint 10.30 Auer zu Schengen gerabbelt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a koum an d'Klinik.

E Freideg Owend war géint 21.20 Auer tëscht Lelleg an Hierber e weidere Motosfuerer zu Fall komm. Hie koum och blesséiert an d'Spidol.

Donieft hat et e Freideg zweemol gebrannt. Géint 21.10 Auer stoung zu Bommel um Parking Frounbierg eng Poubelle a Flamen a géint 22.30 Auer war et en änleche Problem zu Ettelbréck an der Rue Prince Jean. Do hat et an engem Keller an enger Dreckskëscht gebrannt. Dobäi ass och eng Persoun verwonnt ginn.