Drogen am Auto, eng geklaute Posch an en Affer dat sech wiert

Drogen am Minett, Gewalt an der Stad. D'Police hat an der Nuecht op e Samschdeg ze dinn.
An der Nuecht op e Samschdeg huet eng Patrull zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs e Gefier kontrolléiert, an deem eng Posch mat Cannabis, 15 Bulle Kokain, Boergeld, e Messer a Pefferspray fonnt goufen. Doropshi gouf den Auto nach méi genee ënnersicht. Weidere Cannabis, e Smartphone an Utensilien, fir Drogen ze consomméieren, konnten dobäi séchergestallt ginn. De Fuerer gouf protokolléiert, d'Gefier an d'Objete beschlagnaamt.
An der Stad gouf der Police géint 1.30 Auer en Iwwerfall gemellt op der Place du Six Juin. Éischten Informatiounen no war eng Fra vun engem Mann op de Buedem gestouss ginn, fir hir d'Posch ze klauen. Den Täter konnt flüchten, d'Ermëttlunge lafen.
Kuer drop gouf e Mann an der Rue de Trèves von zwee anere Männer iwwerfall. Si wollten him säin Aarmband vum Aarm rappen, mee wéi dëse sech gewiert het, hu se en op de Buedem gehäit an him den Handy geklaut. Duerno sinn déi zwee Onéierlecher zwar fortgelaf, konnten awer kuerz drop vun der Police lokaliséiert ginn. Eng kierperlech Kontroll war negativ, et gouf Protokoll erstallt.