4 Fürerschäiner waren op der A13 direkt fort

© Police Luxembourg
Bei enger Kontroll op der A13 waren 20 Automobilisten vill ze séier ënnerwee. 4 vun hinne kruten nach op der Plaz de Permis ofgeholl.
Tëscht Péiteng an Esch-Uelzecht hat d'Police um Freide Moien op der A, nom Éilerenger Tunnel, d'Vitess kontrolléiert. Wou 90km/h erlaabt sinn, ware 16 Persounen esou séier ënnerwee, datt si jeeweils mat 145 Euro an 2 Punkte verwarnt goufen.
4 Automobiliste kruten awer nach op der Plaz de Fürerschäin ofgeholl. Si ware mat 141, 142, 155 an 157km/h gemooss ginn. Donieft goufe nach aner Verwarnungen ausgestallt wéinst falsche Pneuen, feelende Pabeieren oder well d'Luuchte vum Auto net am Tunnel ageschalt waren.
Da gouf och nach a Gefierer agebrach. An der Nuecht op e Samschdeg gouf um Boulevard Royal an der Stad d'Fënster vun engem Auto ageschloen. Ob a wat se konnte matgoe loossen, gouf net bekannt.
Um Cents an der Stad war et wéineg spéit e weideren Abroch an e Gefier. Hei goufen zwou Poschen, Boergeld an e Sonnebrëll geklaut.