Am Norde vum Land goufen e Samschdeg de Mëtteg zwee Motocycliste blesséiert, wou si mat hirer Maschinn gefall sinn.

Een éischte Virfall war géint 12.15 Auer op der RN25 tëscht Wolz a Kautebaach. Ee Samu an eng Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz, fir sech ëm de blesséierte Chauffer ze këmmeren.

Géint 16.40 Auer huet et dann um CR322 tëscht Kautebaach a Konstem gerabbelt. Hei war d'Ambulanz vun Housen am Asaz.