An der Nuecht vum 11. August koum et op de kapverdeschen Insele São Vicente a Santo Antão zu engem Tropestuerm mat staarken Iwwerschwemmungen.

Doropshin huet de Cap Vert elo den Noutstand ausgeruff. Déi grouss kapverdianesch Communautéit zu Lëtzebuerg huet dofir e Samschdeg zu Bartreng eng Solidaritéitsaktioun organiséiert.

10 Leit koume bis ewell beim Tropestuerm "Erin", deen antëscht op een Hurrikan vun der Kategorie 5 eropgestuuft gouf, ëm d’Liewen. Et gëtt awer nach ëmmer no vermësste Persoune gesicht an d’Folge vum Stuerm si kloer ze erkennen. Vill Haiser, Stroossen, Brécken an och Autoe goufen zerstéiert. 193 Millimeter Waasser wiere bannent 5 Stonnen op der Insel gefall, wat wäit iwwert dem Duerchschnëtt vu 15 Millimeter läit.

Och d’Iessens- a Waasserreserve géifen esou lues knapp ginn. Wéi eng Betraffen, déi Famill op São Vicente huet, eis erzielt huet, wier d’Kläranlag op der Insel komplett verknascht, wouduerch et geschwënn un Drénkwaasser feele wäert. Fir eppes z’iessen ze kréien, gëtt elo mat engem Ticket-System geschafft, deen awer net garantéiert, dass och jiddereen eppes kritt.

Um Solidaritéitsdag zu Bartreng am Restaurant Boonchu, deen och nach e Sonndeg ofgehale gëtt, goufe Spende fir d’Kapverdianer gesammelt. Sief et Kleeder, Iessen, Gedrénks oder méi - alles ass wëllkomm an d’Federatioun vun de Kapverdianeschen Associatiounen zu Lëtzebuerg freet sech iwwert all Ënnerstëtzung. D’Land kéint sech selwer net méi hëllefen a wier op Ënnerstëtzung vu baussen ugewisen.

Wie fir déi Betraffen um Cap Vert spende wëll, kann dëst op de Konto vun der Associatioun São Vicente maachen: LU23 0019 2655 8670 6000 (BCEELULL).