Zu Éiere vun der Muttergottes
Am Trëntengerdall war nees Liichterpressessioun
Eppes schéngt sécher: de 15. August begéint een der Liichterpressessioun am Trëntengerdall nach méi wéi eemol.
Zu Trënteng geet een nach an d’Kierch. Mass ass zwee Mol de Mount an et ass een zwar laang net méi zu esou vill, wéi an der Zäit, mee wann et em d’Liichterpressessioun zu Éiere vun der Muttergottes geet, ass een dobäi.
De Wësch gëtt net an der Kierch geseent, dat kënnt méi spéit. Fir d’éischt kritt jiddereen eng Käerz an da geet et lass a Richtung Ierseng, bei déi éischt vun dräi sougenannte "Stroossekapellen". Déi gi fir dësen Dag extra gerëscht, a gehéiere gemengerhand och nach zum Haus donieft.
Am meeschte gelies