De CGDIS mellt
Auto géint Bam um Samschdegowend

© Andy Bruecker / rtl.lu
Aus de leschte Stonne sinn een Accident an e klenge Brand ze vermellen.
Fir d'Rettungsdéngschter schéngt et tëscht e Samschdeg an e Sonndeg éischter roueg gewiescht ze sinn.
Géint 20.55 Auer koum et um Samschdegowend zu Béiweng zu engem Accident, wéi an der Rue de Roeser en Auto géint e Bam gerannt ass. De Chauffer koum verwonnt an d'Spidol.
Kuerz no Hallefnuecht gouf zu Bouneweg an der Rue Anatole France e Brand gemellt. Offäll stoungen a Flamen, d'Stater Pompjeeën hu sech drëms gekëmmert.
Am meeschte gelies