Zwee alkoholiséiert Chaufferen an e geklauten Handy

© rtl.lu
D'Police hat an de leschte Stonne mat engem Iwwerfall, a mat zwee alkoholiséierte Chaufferen ze dinn.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police géint 2 Auer en Iwwerfall gemellt an der Rue Jean Origer am Quartier vun der Stater Gare. Eng Fra hat mat hirem Handy op enger Terrass gesiess, wéi e Mann koum, deen hir den Apparat aus der Hand gerappt huet. Wéineg méi spéit konnt den Déif awer gestallt ginn. Hie gouf protokolléiert.
E Samschdeg Owend war zu Léiweng an der Rue Geespelt en Automobilist ënnerwee, deen ze déif an d'Glas gekuckt hat. Kuerz drop konnt de Mann zu Fenteng ugehale ginn. Den Test war positiv, an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.
Méi spéit am Owend war um Schlammestee eng Fra duerch ze séiert an ze geféierlecht Fuere opfälleg ginn. Bei der Kontroll gouf erhéichten Alkoholkonsum festgestallt, an och hei gouf de Permis nach op der Plaz agezunn.