De CGDIS mellt zwee Accidenter e Sonndeg de Mëtten op eise Stroossen.

Ee Moto an ee Vëlosfuerer sinn um CR364 tëscht Beefort a Bäerdref zesummegestouss. Hei gouf et ee Blesséierten an eng Ambulanz vun Iechternach war am Asaz.

Ee méi schwéiert Accident gouf et dann um 11.17 Auer tëscht Präiteler a Konsdref. Hei si véier Motocyclisten accidentéiert, dräi Leit goufe verwonnt. Nieft dem Rettungshelikopter vun der Air Rescue waren och ee Samu aus der Stad an dräi Ambulanze vun Iechternach, aus der Fiels a vu Jonglënster op der Plaz.