Näischt kann decidéiert ginn, "ouni d'Ukrainer an d'Europäer mat anzebezéien"

De Luc Frieden am Juni zu Bréissel. / © Magali Cohen / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
D’EU-Memberlänner an aner Alliéiert vun der Ukrain sinn e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer an enger Videokonferenz beienee komm.
An der Videokonferenz hu si sech iwwert déi nächst Schrëtt nom Trump-Putin Sommet an Alaska beroden. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden war an der Konferenz dobäi. E Méindeg ass jo zu Washington eng Entrevue tëscht dem ukrainesche President Selenskyi an dem US-President Trump, wou och aner europäesch Staats- a Regierungscheffen dobäi sinn.
De Luc Frieden huet direkt no der Konferenz am RTL-Interview gesot, datt et positiv wier, datt e Méindeg déi grouss europäesch Länner, déi och grouss Arméien oder Grenzen zu Russland hunn, wéi Finnland, an der Entrevue tëscht dem Selenskyi an dem Trump dobäi wieren. Et kéint numol näischt iwwer d’Ukrain an Europa decidéiert ginn, ouni d’Ukrainer an d’Europäer mat anzebezéien - dat wier eng grouss Revendicatioun gewiescht.
"Positiv ass och, datt mer haut ganz gëeent waren an eben datt mer gesot hunn, dat, wat elo geschitt an dëse Verhandlungen, dat ass ee wichtege Precedent fir d’Zukunft vun Europa. An datt ee Land, wat en anert iwwerfall huet, nämlech Russland, net dofir ka belount ginn. Mir si selbstverständlech elo an enger Positioun, wou nach net vun Europäer mat de Russe geschwat gëtt. Mee mir mussen dat gemeinsam mat den Amerikaner preparéieren."
Weider gëtt de Luc Frieden awer och ze bedenken, datt d’Diskussiounen nach laang net eriwwer sinn.
"Ech muss awer och soen, de Wee zum Fridden ass ee laangen. De Wee zum Fridden ass ee komplizéierten, well et geet jo net nëmmen drëm fir ze kucken, wéi dee Krich op en Enn geet, et geet drëms wéi organiséiert een d’Sécherheet vun Europa an deenen nächste Joren a Joerzéngten."
Wichteg wier Eenheet a Koordinatioun. No der Reunioun e Méindeg géif ee sech dowéinst ënnert den europäesche Staats- a Regierungscheffen an aneren Alliéierte vun der Ukrain nees an enger Konferenz austauschen, esou wéi dat och an de leschte Wochen an Deeg de Fall war.