Firwat Patrimoine ofrappen an nei bauen, amplaz fir Logement ze renovéieren?
Um Bouneweger Verluerekascht stinn, vis à vis vum Unionsterrain, eng ganz Rëtsch Gebaier aus de 1950er eidel.
U sech net ze verstoen, schonn eleng well dëse Plateau e ganz intressant Stater Wunngebitt ass. Wat geschitt mat de fréiere Büroen a Wunnenge vun der Gendarmerie?
An der leschter Editioun vun der Zäitschrëft "Forum" huet den Auteur an Historiker Michel Pauly dëst Thema opgegraff an den Accent op de Volet Patrimoine geluecht. Firwat ofrappen an nei bauen, wann - an Zäite vu Logementskris - eppes kéint renovéiert ginn?
D’Gendarmerie ass an de 50er Joren erageplënnert, dono d’Police Judiciaire an d’Policeschoul. Haut éischter triste, mee op alle Fall bal ganz eidel. Gleeft een de Schëlter, sinn nach eng Partie Büroen hei, Artisten och. Firwat mécht een heirauser keng Wunnengen? Well dat hei waren der, sou de Verdeedeger vum Lëtzebuerger Patrimoine, Michel Pauly.
Dee ganzen Ensembel soll, eisen Informatiounen no, bis op een, zwee Gebaier, ofgerappt ginn. Et kéim also keen Denkmalschutz op den historesche Komplex. D’Pläng si vum Staatsarchitekt Hubert Schumacher.
Mee wat seet d’Denkmalschutzkommissioun? Hien dierft op alle Fall heiriwwer näischt zielen, sou de Michel Pauly, dee bedauert, dass villes ofgerappt gëtt zu Lëtzebuerg. Den Usaz vun der viirechter Regierung wier net schlecht gewiescht. Wat d’Copac ugeet - dat ass d’Denkmalschutzkommissioun - déi hir Avisen zu potentiellem Patrimoine gëtt, ass et d’Kritik, dass si um Enn net gewuer géifen, firwat hir Analys vum Minister ugeholl respektiv refuséiert ginn ass.
Um Verluerekascht begéint een architektonesch Elementer, déi am progressive Geescht vun de 1950er entworf goufen: bei zwou Entréeën eng Zort Veranda déi schützt, e bëssen eng Folie, déi un déi fréier Kärenhal vum Mierscher Agrozenter erënnert, deen iwweregens och ofgerappt gouf.
Wat am Endeffekt mam Patrimoine hei uewen um Verluerekascht geschitt, wësse mir haut net. De Staat ass Proprietär a wäert decidéieren, wann néideg och ouni Accord vun den Denkmalschützer. D’Argument, et wier méi einfach ofzerappen an nei ze bauen, bleift op alle Fall awer net ouni Oppositioun. Eng Affaire à suivre, deemno.